Wéi perfekt muss mäi Partner sinn?

D'Uspréch déi mir stelle ginn net nëmmen am Job ëmmer méi héich, mee och d'Uspréch un eise Partner klammen...
De perfekte Mann soll:
- grouss a staark sinn
- gutt ausgesinn
- sensibel an douce sinn
- e Sënn fir Romantik hunn
- sech fir eis asetzen an eis nolauschteren
- Humor hunn an intelligent sinn
...
A wann en all eise Wënsch entsprécht, da gëtt et awer ëmmer nach e Punkt, deen eis net passt. E ganz klenge Punkt, aus deem awer mat der Zäit en Elefant gëtt. E groussen Elefant, dee bal net ze iwwerwannen ass.
Mee firwat fanne mir ëmmer iergendwou en Elefant?
Als Single waart een et waart een... Munch ee begéint enger ganzer Rei Mouken um Wee bei den Drampartner. Wat méi Zäit vergeet, wat ee méi ongedëlleg a méi selektiv gëtt. Onbewosst entwéckelt ee sech ëmmer méi zu engem Egoist, dee säin Traintrain am Alldag huet a sech schwéier deet aus senge Gewunnechten auszebriechen.
Déi éischt puer Wochen fällt et engem liicht de Stopp vun der Zahnpasta zouzedréinen oder d'Schung ewechzeraumen. Mee no e puer Méint, wann déi éischt Verléiftheet fort ass, kämpft een ëmmer méi géint dem neie Partner seng Ticken.
Léiere verstoen a léieren acceptéieren
Munch Tick léisst sech einfach net änneren a wann Dir Äre Partner och 20 mol drop uschwätzt an e frot sech an Zukunft ze besseren.
Wéinst enger Klengegkeet d'Bengele bei d'Tromm ze geheien ass net wierklech eng Léisung. Och wa mir an eiser Gesellschaft ëmmer méi an ëmmer eppes Besseres wëllen, Mënsche bleiwe Mënschen, a Mënschen hu Feeler.
Ween dës Feeler kann a Kaf huelen an op säin Häerz lauschtert, dee ka säi Gléck fannen. Ween awer ëmmer d'Aan ophällt an no de Feeler vun deem Anere sicht, dee wäert ni zur Rou kommen.