Mat engem relativ klenge Bestand vun 20-22 Koppelen zu Lëtzebuerg, gëllt et, dës Eil besonnesch gutt ze schützen.

Den Uhu ass déi gréissten Eil op der Welt a ka bis zu 70 Zentimeter grouss ginn. Dëst Déier ass immens upassungsfäeg a passt sech sengem Ëmfeld un, egal ob Steebroch, Fiels, Wüüst oder Bësch. Aktiv ass en, wann et dobaussen donkel ass; daagsiwwer schléift en oder dööst viru sech hin.

Ufanks Mäerz leet d'Uhu-Weibchen zwee bis dräi Eeër. No ronn 34 Deeg erblécksen déi Kleng d'Liicht vun der Welt. No 6 Deeg kann den Nowuess op de Feeschte stoen, eréischt no 3 Wochen op hire Féiss. Un hir éischt Fluchübungen traue si sech mat 8 Wochen erun. 5 Méint laang ginn déi Kleng gefiddert, duerno musse si selwer fir hir Ernierung suergen. Dat éischt Liewensjoer ass dat kriddelegst fir si, well et vill Gefore mat sech bréngt. Nëmmen 3 vun 10 jonken Uhuen iwwerliewen. Vill vun hinne fale Stroumleitungen zum Affer oder dem Verkéier. A fräier Natur kënne si bis zu 30 Joer al ginn, a Gefaangenschaft esouguer duebel sou al.

Fir den Uhu nach besser kennenzeléieren, huet natur&ëmwelt eng Broschür an en Dossier mat Spiller, Quizzer a Molvirlagen erausbruecht. Dës fënnt ee bei hinne um Site op www.naturemwelt.lu.