Dat invasiivt Insekt aus Südostasien breet sech zanter enger Zäitche schonn an Europa aus. Ma esou lues maachen d'Experte sech Suergen.

D'Vespa velutina nigrithorax ass bei eis u sech net heemesch, mécht sech awer ëmmer méi breet an ass fir eis Beien an Harespelen ëmmer méi eng Gefor. 2020 gouf se eng éischte Kéier bei eisen däitschen Nopere gesinn, am Krees Heinsberg an Nordrhein-Westfalen. Antëscht gëtt et se zu Viersen, Köln, Düsseldorf an Duisburg. An deem Joer ass se och am Grand-Duché eng éischte Kéier opgedaucht.

Besonnesch Imker schloen elo Alarm. Experte mellen zanter Wochen a Méint schonn, dass dës Runn sech komplett an Europa amgaangen ass auszebreeden: vu Frankräich iwwer d'Belsch, Holland bis eriwwer an Däitschland. Et gëtt vermutt, dass se a Frankräich - am Joer 2004 - eng éischte Kéier am Weste festgestallt gouf. Wuel iwwer asiatesch Importwueren.

Duerch dat ëmmer méi mëllt Klima am Wanter, konnt dës exotesch Runnen-Aart och bei eis eng stabil Populatioun bilden. Ma allgemeng gëtt d'Insekt gutt mat eisem Klima eens an et huet och nach quasi keng Friessfeinden.

Wéi ass et hei am Land?

Effektiv stellt déi asiatesch Runn och hei am Land antëscht eng reell Gefor duer, wéi natur&ëmwelt eis confirméiert huet. Deementspriechend wiisst och d'Suerg an Imker-Kreeser am Grand-Duché.

Nach ass et sou, dass den Afloss net offiziell chiffréiert gëtt, ma sollt dat änneren, wier ee sech sécher, dass ee feststelle wäert, dass d'Vespa velutina nigrithorax en direkten Afloss op eis lokal Fauna huet. E Problem, dee wirtschaftlech gesinn, wuel net z'ënnerschätze wier, heescht et nach bei natur&ëmwelt.

Den Haaptproblem ass, dass d'Bestänn vun eisen heemesche Beien an anere Bestëbser schonn duerch Pestiziden, Varroabefall oder wéinst der Veraarmung vun der Landwirtschaft geschwächt sinn. D'asiatesch Runn kéint d'Insektestierwen hei am Land also nach verstäerken.

Gesäit een esou een Insekt, sollt een am beschten den zoustännegen Autoritéite bei der Naturverwaltung Bescheed soen. Si kommen op d'Plaz kontrolléieren, ob et sech tatsächlech ëm déi invasiv asiatesch Runnenzort handelt an net ëm eng heemesch.

Wichteg ass nämlech eis Aarten ze schützen. Eis heemesch Runn ass nëtzlech fir d'Natur als natierleche Schädlingsbekämpfer. Näschter vun eise Runnen an Harespele sollten och net onnéideg ewech geholl oder zerstéiert ginn. Dat sollt just dann a Fro kommen, wann eng onmëttelbar Gefor fir de Mënsch besteet.

RTL

Wéi erkennt een d'asiatesch Runn?

Dëst Insekt fält virun allem op, well si wéi en Helikopter an der Loft ka stoe bleiwen. Se ka souguer hannerzeg fléien.

Hir Kierperlängt vun ongeféier 2 bis 3 Zentimeter ass am Verglach mat eiser Runn relativ kleng. Hire Kierper ass och gesträift, ass awer wesentlech méi däischter. De Kapp ass schwaarz mat engem giel-orange Gesiicht.

Si joen am léifste Beien, am Ruddel. Ob si sech lo méi schwaach Beievëlker eraussichen, wéi och schonn Experte gemellt haten, kéint een aktuell net eendeiteg aschätzen.

D'Naturverwaltung huet en Depliant erausginn, fir dass et net zu Verwiesslunge kënnt mat eiser heemescher Runn. Do fënnt een net just d'Detailer vum Ausgesinn, ma och wéi sech d'Näschter ënnerscheeden.

Bekämpfung

D'Vespa velutina nigrithorax gëtt zanter 2016 an der EU-Lëscht fir invasiv Aarte gefouert. Zil vun där Lëscht ass et, sämtlech Memberstaaten opzefuerderen, géint eng weider Verbreedung virzegoen. Wichteg ass et dohier, all Virkommen der Naturverwaltung ze mellen, déi no enger Iwwerpréiwung Experten op d'Plaz schécken.

Wisou iwwerhaapt den Numm Killer-Runn?

Si ass méi kleng wéi eis europäesch Runn an och net méi oder manner geféierlech fir eis Mënschen. Si kënne picken, dat genee wéi d'Harespelen, geféierlech ass se deemno just fir Leit mat Allergie. Gëtt ee gepickt, deet et d'selwecht wéi.

De Begrëff Killer-Runn kënnt doduerch, well d'Insekt fir déi eegen Aartgenosse geféierlech ass. Besonnesch awer fir eis Hunnegbeien ass d'Vespa velutina nigrithorax eng grouss Gefor. Beie stinn nämlech ganz uewen um Menü.