Well et ëmmer méi zu Ugrëff duerch Bieren a Japan kënnt, huet d'Land zanter e Méindeg méi e labbert Waffegesetz.

Stied a Gemengen dierfe Jeeër vun elo un offiziell accordéieren, Bieren a Wunngebidder ofschéissen. Bis ewell war fir d'Benotze vu Juegdgewierer en Accord duerch d'Police néideg. Déi nei Reegelung soll awer just bei Noutfäll gräifen, Jeeër am d'Gemenge mussen donieft fir d'Sécherheet vun den Awunner suergen.

Offiziellen Donnéeën no gouf et a Japan zanter Abrëll 4 déidlech Bieren-Ugrëff, Dosende Mënsche goufen donieft vu Biere blesséiert.

Am August koum e Wanderer op der Insel Hokkaidoa ëm d'Liewen, nodeems hie vun engem Brongbier an e Bësch geschleeft gouf. Am Juli hat e Bier virun engem Fleegeheem zu Kitaakita eng Fra ugegraff a schwéier verwonnt. Um Fluchhafen Yamagata hunn donieft scho misse sëllege Flich annuléiert ginn, well Bieren op der Pist waren.

Ëmmer méi heefeg traue sech Bieren a Japan a bewunnte Gebidder. E Grond dofir ass, well d'Bevëlkerung zeréckgeet an donieft ëmmer méi al gëtt, dowéinst si ganz vill Häff an Haiser verlooss. Donieft ginn et manner Jeeër an och de Klimawandel hannerléisst seng Spueren. D'Biere fanne manner Narung an d'Wanterschlofphase si méi kuerz.

Souguer aus der Haaptstad Tokio goufe Siichtunge vu Biere gemellt. Am Juli soll e Bier e Fëscher an engem Floss an de Bierger um Bord vum Ballungsraum ugegraff hunn. Et wieren dem Sender NHK no a Japan op d'mannst 39 Bieren an der Géigend vu Schoule gesi ginn.