De Veräin, dee sech op d'Sich no vermëssten Hausdéiere spezialiséiert huet, huet ze vill Ufroen, fir dës mat senge Kapazitéiten ze bewältegen.

De Veräi Sichhënn.lu schränkt säi Service bis op Weideres an. Dat schreift d’Associatioun an engem Communiqué e Méindeg Owend. De Grond dofir wier, dass déi héich Nofro mat de Benevollen net ze packe wier, an dass de politesche Wëlle feelt, fir de Veräin z'ënnerstëtzen. Et ass en Appell un déi national Politik.

Sichhënn.lu brauch Hëllef / Reportage Diana Hoffmann

Wann d'Hausdéier ausgebéchst ass, ass d'Suerg séier grouss. An deem Fall steet de Veräi Sichhënn.lu de Besëtzer zur Säit, wéi d'Presidentin Tanja Forette erkläert:
 
"Mir hunn do divers Moossnamen déi mer agräife kënnen, wéi beroden oder mat eisen Hënn an den Asaz goen, wann dat erfuerdert ass. Mer kënne Liewendfalen opstellen. Mir hunn eng Drone mat thermal Kamera, an sou weider."
 
Ëmmer méi géingen déi 11 Benevollen och gefrot ginn, fir fräilafend Déieren ouni Besëtzer anzefänken. D'Nofro wier generell einfach ze grouss ginn, mat 8 bis 10 Asätz pro Woch. Dowéinst misst een an e Service reduit goen.
 
"Dat wäert dann esou sinn, dass mer keng Kaze Fäll méi kënnen unhuelen. Well där sinn et saisonal bedéngt am Fréijoer an am Hierscht immens vill."
 
Den Aarbechtsopwand fir en Déier ze sichen an d'Besëtzer bei der Sich ze betreie kéint gäre 5 Stonnen daueren: "Als Benevole ass een dann iergendwann un enger Grenz ukomm, déi schonn e bëssi iwwerdriwwen ass."
 
Zanter Dezember 2023 war ee mat diverse Ministèren a Kontrakt fir Hëllef bei der Aarbecht ze kréien, seet d'Tanja Forette.

"Mir haten Entrevuë mam Här Bettel, wou hien nach Premier war. Mir ware beim Här Gloden dono. Mir ware bei enger Delegatioun vun der Direktioun vum CGDIS. Mir ware bei der Madamm Hansen ënner anerem. A mer hunn hinnen alleguerte konkret Virschléi virgeluecht, wat mir kéinten ëmsetzen, wa mir géingen eng finanziell Ënnerstëtzung kréien a Form vun enger Konventioun oder Subsiden. Wéi och ëmmer."
 
Et wier eng gutt Iddi, hätt een ëmmer ze héiere kritt, mee passéiert wier bis elo näischt. Wënsche géing een sech e Projet op 5 Joer, fir eng Persoun anzestellen. Besonnesch fir déi di vill Telefonen entgéint ze huelen an administrativ Aufgaben z'erleedegen.
 
De Veräi Sichhënn.lu sicht also net just no Hausdéier, mee och no Politiker déi sech responsabel villen. An, zu all Ament freet een sech iwwer motivéierte Benevollen, déi hinnen eng Hand wëlle mat upaken.