Binge Eating! 1959 gouf dëse Begrëff fir eng éischte Kéier an den USA gebraucht. Zënter 1994 existéiert en als Diagnose an dierf sech an déi laang Lëscht vun den « troubles alimentaires » areien. Vill Binge Eater sinn iwwergewiichteg, mä nëmmen 1 Drëttel vun den Adipositas-Patiente leiden ënnert dëser Krankheet. Eng Étude an den USA huet gewisen dass 2% vun der ganzer Bevëlkerung vum Binge Eating Disorder betraff wieren…

Binge Eating ass e relativ neie Krankheetsbegrëff, dee sech am beschte mat "Iess-Attacken – Stéierung" iwwersetze léisst. An Däitschland eleng schwätzt ee vun 1.5 an 2 Millioune Binge Eater. Anescht wéi bei Anorexie an der Bulimie, der Magersucht an der Iess-Briechsucht gëtt et keng typesch Altersgrupp an ongeféier een Drëttel vun de Betraffene wieren och Männer, déi soss méi seele vun Iesstséierungen betraff sinn. Den Psychiater a cognitive Verhalenstherapeut Jean-Marc Cloos erkläert eis d’Krankheet :

Wann ee Binge Eating wierklech kuerz faasst, da giff ee soe Binge Eating wär am Fong dat selwescht wéi eng Bulimie, mä ouni gestéiert Verhalensweis. Dat heescht Leit déi eng Bulimie hunn, iwwergi sech jo an d’Leit déi Binge Eating hunn, déi halen d’Iessen dobannen.

Bei dëser Iessstéierung kënnt et ëmmer nees zu periodeschen Iessattacke mat engem komplette Verloscht vun der Kontroll iwwert d’Iessverhalen. D’Gefill vum Sat-Sinn ass verschwonnen an dono ekelt ee sech viru sech selwer a Scholdgefiller kommen op... Well ee sech jo dono net iwwergëtt, kommen op laang Dauer vill Kiloen zesummen, wann ee weess datt bei enger Attack bis zu 3000 Kilokalorien giess ginn. Elo mol vun den eventuelle psychesche Schied ofgesinn, muss ee bei Binge Eating d’Iwwerstrapazéierung vum Moo an eng Rei kierperlech Schied wéi Häerz-Kreslaf-Erkrankunge consideréieren…

Binge Eating ass awer net mat Iwwergewiicht gläichzestellen:
Wat ee ganz oft gesäit beim Binge Eating sinn iwwerméisseg Diäten, dat heescht, datt d’Leit am Fong ganz oft Diäten duerchféieren an ofbriechen, sou datt si en negatiivt Kierperkonzept hunn. Dat entsteet natierlech och e bëssen duerch d’Gesellschaft. Awer och eben en Iessverhalen, dat onregelméisseg a restriktiv ass an datt een zu bestëmmten Zäite bestëmmte Saache guer net ësst. An da verlaangt de ierper iergend eng Kéier no eppes… an da stierzt ee sech op d’Iessen.

Genee Ursaache firwat een ob eemol eng Masse vun Iessen ësst, si nach net richteg erfuerscht.

D’Universitéitsklinik zu Basel huet aus eegener Experienz Iwwergewicht am Kannesalter uginn, eng ze fetteg eesäiteg Ernährung mat ze wéineg Kuehlenhydrater an och Problemer am Emgang mat Konflikter. Och d’Onzefriddenheet iwwert déi eege Figur an eng stänneg Kontroll iwwert d’Iessen kann en Ausléiser sinn fir Binge Eating.

Binge Eating kann een op eng verhalenstherapeutesch Manéier behandelen, deelweis och medikamentéis. D’Verhalenstherapie geet dohin datt een erëm eng Kontroll iwwert säin Iessverhale kritt. Do brauch een an deem Moment och eng Diététiecienne an et soll een och villäicht emol bei den Endrocrinologue goe fir ze kucken ob keen hormonelle Problem besteet. A bei de Psychologue fir ze kucken ob kee Stëmmungsproblem besteet. Sou datt am Fong eng ganz Partie Leit an der Therapie missten dobäi sinn.

E Patient mat Binge Eating huet awer gutt Chancen fir de Wee aus der Isolatioun ze fannen an e Liewen mat normale Iessgewunnechten eremzefannen.

Et gëtt natierlech och Lecture iwwert des awer nach recent Krankheet.Ze recommandéieren wier en aktuellt Buch vum Simone Munsch: Das Leben verschlingen? , dat am Beltz-Verlag erauskomm ass...

Opwuel een ëmmer nees vun Anorexie a Bulimie liest, héiert a gesäit; ass Binge Eating déi Iessstéierung, mat där déi meeschte Mënschen op der Welt gehäit sinn.