TV-Kanzlerduell elo sécher mat Stefan Raab!

Et ass elo definitiv bekannt wéi eng Moderatoren de Kanzlerduell tëscht Merkel a Steinbrück moderéiere wäert ... an de Raab ass och dobäi!
Nieft him: Anne Will, Maybrit Illner a Peter Kloeppel, fir d'Moderatorenteam komplett ze maachen. De Peer Steinbrück (SPD) hat sech jo dogéint ausgeschwat, datt de Stefan Raab sollt den TV-Duell moderéieren, huet duerno awer nees zréck geruddert gehat. De Moderator ob senger Säit huet dacks nees betount gehat hie wier ganz staark un dësem Job intresséiert.
Am meeschte gelies