De Fréderic Ritt a säi Gaart zu Meechtem
De Fréderic Ritt ass scho vu klengem u vun der Natur faszinéiert a verbréngt elo a senger wuel verdéngter Pensioun all fräi Minutt dobaussen.
Säin Hobby ass sech ëm aner Leit hir Gäert ze këmmeren, esou ewéi och e Gaart zu Meechtem. Zanter Jore kuckt hien, dass hei alles esou ass a bleift wéi et war. An dësem 11.000 Quadratmeter grousse Gaart verbréngt hien all fräi Minutt an esou war et och schonn a senger Kandheet .Esou ass et fir hien eng Passioun ginn an dat ronderëm d’Auer.
Et ginn awer och manner schéi Säiten am Gaart. Moies fréi eng Iwwerraschung mat engem Äppelbam, deen an der Nuecht ëmgefall ass, de Gaart steet op Kalleks-Fielsen an de Buedem ass net déif. De Fréderic hëlt et awer op déi liicht Schëller. Fir hien ass et d’Natur, an et soll een net géint mee mat hir liewen, esou düngt hien och just mat Dünger, dee selwer gemaach ass, zu 100 Prozent biologesch.
An deem Gaart fënnt een och e Kalleks-Uewen aus dem Joer 1840. Och deen ass Deel vum Gaart a ka vun der Strooss aus bewonnert ginn. Kallek feelt dem Fréderic senge Beem, Planzen a Geméis sécher net. Aus engem Hobby ass eng Passioun ginn. E Full-Time-Job a senger Pensioun , op deen de Fréderic sech all Dag freet beim Opstoen.