D'Vespa velutina nigrithorax ass bei eis u sech net heemesch, mécht sech awer ëmmer méi breet.

2020 gouf déi asiatesch Runn eng éischte Kéier bei eisen däitschen Noperen entdeckt, dat am Krees Heinsberg an Nordrhein-Westfalen. Antëscht huet se sech a villen Deeler an Däitschland ausgebreet, ma och hei am Land gouf se scho gesinn.

Bei eisen däitschen Noperen hu se méi genee gekuckt, wou d'Insekt am meeschte verbreet ass. Gesäit een esou eng Runn, kann ee se nämlech beim Naturschutzbund Deutschland (Nabu) mellen an do koum eraus, dass d'Vespa velutina nigrithorax, gemooss un der Awunnerzuel, am Saarland am dackste virkënnt.

An absolutten Zuele kéimen deemno ronn 60% vun de Beobachtungen aus Nordrhein-Westfalen. Virun allem d'Rheinland an d'Ruhrgebitt sinn antëscht flächendeckend besidelt. Wou d'asiatesch Runn guer net virkënnt, ass an den ëstleche Bundeslänner. 

Vespa velutina nigrithorax am Grand-Duché


Och hei am Land kann ee mellen, wann een esou eng Runn gesinn huet. De Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht huet an Zesummenaarbecht mam Service de la nature ANF an dem Naturmusée Luxembourg eng Plattform an d'Liewe geruff, wou d'Siichtungen zesummegedroe ginn. Jidderee kann, wann en eng asiatesch Runn oder e Nascht entdeckt huet, eng Foto aus sécherer Distanz maachen an déi op vespa@neobiota.lu schécken oder iwwer d'iNaturalist-App mellen.

Op hirem Site kann een dann och noliesen, dass am Grand-Duché bis ewell 427 Observatioune gemaach goufen. Zanter Mäerz d'lescht Joer kann een d'Siichtungen deemno bei hinne mellen an et schéngt wéi wann d'asiatesch Runn sech hei am Land haaptsächlech am Süden an am Zentrum wuel fillt.