Dinner in the Sky kënnt Enn September zeréck zu Lëtzebuerg

© Image Dinner in the Sky Luxembourg / Facebook
Wien no der Schueberfouer nach net genuch Adrenalin vun héije Spiller huet, dee dierf sech op Enn September freeën.
Vum 25. bis de 27. September kënnt den Diner in the Sky op Lëtzebuerg. A 56 Länner war den exzeptionelle Fräiloft-Dësch schonn, elo fir eng sechste Kéier och nees hei am Land. Méi genee bei d'Citadelle um Saint Esprit.
Per Kran ginn aacht 4er- Dësch an d'Luucht gezunn. Gutt geséchert an a lëfteger Héicht erwaart een dann e gastronomesche Menü aus fënnef Platen, gekacht vu renomméierte Stärekäch wéi dem Ryodo, Cyril Molard, René Mathieu, Archibald De Prince oder Clovis Degrave.
Et kann een entweder mëttes um 12 oder 14 Auer iesse goen oder owes, entweder um 19 oder um 21.30 Auer. D'Plaze si limitéiert. Méi Informatioune fënnt een op um Site www.dinnerinthesky.lu.