No nëmmen 3 Méint Bezéiung hu sech d'Kaley Cuoco, bekannt als Penny bei "The Big Bang Theory" an hire Frënd, den Tennisspiller Ryan Sweeting, verlobt.

Den Ryan Sweeting huet d'Kaley den 25. September gefrot, déi ouni ze zécken Jo gesot huet. Déi 27 Joer al Actrice wier sech absolut sécher, dass hien de Mr. Right ass, huet e Kolleg vun der Koppel verroden.

En offizielle Statement gouf et nach net, dofir awer en Twitter-Post an deem d'Kaley Cuoco schwäermt wéi super si sech fillt: "Ech fille mech, wéi wann ech fléie kéint a mat dir den Himmel beréieren".

D'Koppel hat sech eréischt leschte Weekend, den 22. September, bei enger Pre-Emmy-Party fir eng éischte Kéier zesummen um Rouden Teppech gewisen. Am August war d'Koppel awer och schonn zesummen op enger Päerds-Ranch gesi ginn.