Giorgio Armani am Alter vun 91 Joer gestuerwen

© AFP
D'Moudenikon Giorgio Armani ass dout. Den Italieener, dee joerzéngtelaang als Designer erfollegräich war, wier am Krees vu senger Famill gestuerwen.
Wéi de Grupp Armani en Donneschdeg matdeelt, ass den italieeneschen Designer Giorgio Armani am Alter vun 91 Joer gestuerwen. D'Moudenikon hat als Autodidakt kleng ugefaangen an an de 70er Joren e Moudeimperium opgebaut, zu deem nieft Kleeder och Bijouen, Parfumen, Miwwelen an Hoteller gehéieren.
Den Armani huet als Purist vun der Moudewelt gegollt. Hie war fir Entwërf vun dezenter a lässeger Eleganz bekannt. Och als Geschäftsmann war den Italieener immens erfollegräich. 2022 hat säi Grupp en Ëmsaz vun 2,35 Milliarden Euro gemaach.