Aarbechtsamt bezilt Hellseher-Ausbildung

© AFP (Archiv)
An Holland kréie Leit ouni Aarbecht och hir Ëmschoulung zum "spiritueller Telefonshëllef" vum Aarbechtsamt finanzéiert.
Bis elo krute 7 Leit ouni Aarbecht hir Suen zeréck, nodeem si eng Ëmschoulung an d'Richtung vun der Telefonshellseherei gemaach hunn. Iwwer 1.000 Euro kaschten dës Coursen an deenen déi zukünfteg Hellseher bäibruecht kréien, wéi een Tarokaarte leet oder d'Zukunft an enger Kristallkugel viraussoe kann.
Dëst gëtt vun enger privater Entreprise ugebueden, déi souguer eng sécher Aarbecht versprécht, wann een de Cours bis gepackt huet. D'Aarbechtsamt sot an engem Radiosinterview, datt dëst eng unerkannten Ausbildung ass.
Aktuell bezilt d'Aarbechtsamt dës Ausbildung, awer just fir Leit iwwer 50 Joer, déi scho méi laang op der Sich no enger Aarbecht sinn a well si eng Jobgarantie hunn. Bei de spirituellen Tëlefonsdéngschter kënnen d'Mataarbechter 29 Cents pro Minutte verdéngen.