E Petzi als Ersatz-Mamma

© AFP
Am Bandhavagarh-Reservat fir wëll Déiere gouf d'Mamm vun de klengen Tiger dout fonnt.
Déi dräi Kleng waren dowéinst och net gutt geniert, wollte sech awer net vun de Mënschen hëllefe loossen. Esou war et schwéier, fir den Tiger-Babyen d'Fläsch mat Mëllech ze ginn.
D'Léisung war e Petzi, un deen kënschtlech Zitzen ubruecht goufen, fir datt déi kleng esou Mëllech konnten drénken. Fir datt d'Stoffdéier och méi no Tiger richt, gouf et vun de Fleeger mat Gras an Exkrement vun der Mamm ageriwwen. D'Mamm ass iwwregens un engem Stroumschlag gestuerwen, wéi si sech laanscht en elektreschen Drot geriwwen hat.
Zanter dat déi kleng Tiger d'Ersatz-Mamm hunn, si se nees vill méi kräfteg ginn. An Indien schafft ee ganz dacks mat der Methode vu "kënschtlechen Ersatz-Déieren". Sou setzt een enger Kou, déi hiert Klengt verluer huet, e "Kand" aus Plastik dobäi, fir d'Produktioun vun der Mëllech weider lafen ze loossen.
Iwwer d'Hallschent vun den Tiger, déi et op der Welt ginn, liewen an Indien. 2014 waren et ronn 2.200 Déieren, déi an enger vun de Schutzzone gelieft hunn.