D'Fondatioun iwwerhëlt am Kär d'Aktivitéite vun der Fondatioun vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa.

An zwou Woche sinn d'Festivitéite fir den Trounwiessel, an do ronderëm muss sech um Haff natierlech nei organiséiert ginn. Dozou gehéiert net nëmmen en neien Monogramm vum spéidere Grand-Duc Guillaume, mee och strukturell nei Organisatiounen.

Sou gëtt eng nei Fondatioun gegrënnt mam Numm "Grand-Duc Guillaume et de la Grande-Duchesse Stéphanie", wou d'Madamm vum Staatschef d'Presidence iwwerhëlt.

D'Fondatioun iwwerhëlt am Kär d'Aktivitéite vun der Fondatioun vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa a setzt sech fir defavoriséiert Leit hei am Land an. En anere Schwéierpunkt läit op der Inclusioun vun handicapéierte Leit, sief et um berufflechen, schouleschen, sozialen oder kulturellen Niveau.

Am neien Verwaltungsrot vun der Fondatioun si bis elo déi nei groussherzoglech Koppel an de President vun der Administration des Biens vum Haff Norbert Becker.