Louis Haas, Marlène Pecot, Fabrice Guilbault an Tom Leclerc
Dës Woch geet et ëm de Bikefestival, Musek mat Objeten a Scouten.
De Louis Haas organiséiert den nächste WE den 'Urban Bike' zu Esch mat Aktivitéite ronderëm de Vëlo, Expoen a Randonnéeën. Et ass déi 5. Editioun vum Bikefestival, awer déi éischt am Zenter vun Esch. De 27.+ 28ten September gi virun der Gemeng ënnerschiddlech Stänn opgeriicht, wou BMX-Workshops fir Kanner an e Graffiti-Workshop organiséiert ginn. Donieft gëtt et eng Expo-Area, wou déi neiste Vëlosmodeller virgestallt ginn, verschiddenen Tier fortginn (Gravel/Mountainbike) an en Night Biathlon ass. www.bikefestival.lu

[
D'Marlène Pecot an de Fabrice Guilbault kënnen aus all Objet en Instrument maachen a kommen mat 'les Fo'Plafonds' op Maarnech. Si brauche keng Gei, Trompett oder Tromm, mee benotzen Fläschen, e Streckbriet oder en Triichter, fir Musek domadder ze maachen. Si gi jidderengem, dee wëll Rendez-vous den 28. September am Cube 521, fir e Bléck an d'Rue Eugène Poubelle ze geheien, wou näischt ewechgeheit gëtt, mee al Objeten neit Liewen agehaucht kréien. Geräischer ginn zu Melodien a Kläng aus dem Alldag ginn de Rhythmus vir. www.lesfoplafonds.com

Den Tom Leclerc vum Scoutsgrupp 'Mamer Wiselen' war am Summer um 'Camp fédéral' an Holland. Vu sengen 32 Liewensjoer ass hien der schonn 25 bei senger lokaler Trupp. Tëscht dem 19. Juli an 2. August goung et mat 460 Memberen op Zeewolde op en Terrain, wou liicht 10.000 Kanner logéiert kënne ginn. Hei goufe Konstruktioune gebaut, Visitten gemaach, Kayak a Kanu gefuer, en Hike mat Iwwernuechtungen am Bivak gemaach an eng grouss Olympiad organiséiert. www.fnel.lu/odyssey
