Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet seng eege Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.

Fir direkt mat der Dier an d'Haus ze falen: Nee, d'Bouchée ass keng original Lëtzebuerger Erfindung, ma kënnt, wéi et den Numm séier verréit, aus dem schéine Frankräich.  An dach, ass dem Lëtzebuerger seng Bouchée awer un d'Häerz gewuess. Verschidde Platen packen et einfach un d'Spëtzt vun der Beléiftheetsskala bei engem Gros vun de Leit, d'Bouchée à la Reine ass genee esou eng Spezialitéit. Et ass quasi eng kulinaresch Ikon, déi zu Lëtzebuerg net nëmmen op de Menüskaarten an de Restauranten a Bistroen ze fannen ass, mee selbstverständlech och an de Kiche vun de Familljen, op groussen oder klenge Fester, sou wéi och dacks an der Kantin.

Fir vill Leit ass d'Bouchée a la Reine méi wéi e Bliederdeeg-Biscuit gefëllt mat Poulet, Champignonen an Zooss... och wann dat eleng schonn duer géif goen. Ma se ass och fir vill Leit eng Erënnerung un d’Kandheet, un d’Groussmamm, un d’Gemittlechkeet an d'Zesummesinn mat der Famill a Frënn. An domat och zu Recht e wichtegen Deel vun eiser nationaler Iesskultur.

D’Wuerzele vun dësem Plat leie scho wäit zeréck: am 18. Joerhonnert, an der kinneklecher Cour zu Versailles a Frankräich. D’Marie Leszczynska, d’Fra vum Louis XV, soll dem Kach Nicolas Stohrer d’Inspiratioun ginn hunn, fir eng Paschtéit ze kreéieren, déi d’Kombinatioun vu Raffiness an engem komfortabele Plat perfekt vereent. Ursprénglech als Puits d’Amour konzipéiert, huet sech d’Rezept mat der Zäit entwéckelt: eng knuspreg Bliederdeeg-Croûte, gefëllt mat Poulet, Champignonen, Quenellen, Trüffelen oder Ris de veau – alles an enger cremeger Zooss, déi bei ville Leit d’Häerz méi séier schloe léisst.

Zu Lëtzebuerg huet d’Bouchée à la Reine eng ganz eegen Traditioun entwéckelt. Ob an der Brasserie, am Bistro oder bei der Famill doheem – si gëllt als Klassiker, dee jidderee kennt a bal jiddereen och gären huet. Vill Restauranten hu mat der Zäit hir eege Versioun entwéckelt: mat regionalen Ingredienten, mat engem modernen Twist oder eben ganz traditionell, wéi se scho viru Generatioune gemaach gouf. Hei ass et och wéi sou dacks: praktesch jiddereen huet seng eege Virstellung vun dëser Paschtéit a wéi een se am beschten zoubereet.

An dëser Editioun vun eiser Serie Readers’ Choice wëlle mir et nees erausfannen: Wou kritt een déi bescht Bouchée à la Reine hei am Land zerwéiert? Sief dat an engem Bistro, am Restaurant oder eventuell vun engem Veräin oder Club, deen dës reegelméisseg zerwéiert?
An elo sidd dir alt nees gefrot! Dir kennt DÉI Adress am Land, op där een ärer Meenung no déi beschte Bouchée à la Reine kritt?

Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert är Favoritte-Plaz un d'Spëtzt vun eiser aktueller "Bouchées-Editioun" vum RTL-Readers' Choice!

Maacht elo bei eiser Ëmfro mat, all Stëmm zielt!

Verrot eis, wou Dir am léifsten eng gutt Bouchée à la Reine auswäerts iesse gitt! Maacht drënner bei eisem Vott mat, Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir déi bescht Bouchée à la Reine zu Lëtzebuerg freeën.

All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.