Kuckt déi flott Serie vu Reportagen all Owend op RTL
D'Lëtzebuerger ONG Astm hat zesumme mam Klima-Bündnis op eng Studierees an den Ecuador invitéiert.
An der Delegatioun war nieft Vertrieder vun enger Rei Klimabündnis-Gemengen och eng Equipe vun RTL Télé Lëtzebuerg mat derbäi.
Haaptzil war et, fir sech en Abléck ze verschafen, wéi d’Mënschen dohanne mam Reebësch ëmginn, wa se nach am Aklang mat der Natur do liewen, awer och fir sech e Bild vun der Zerstéierung vum Amazonas-Bësch ze maachen ënnert anerem duerch d’Pëtrolsindustrie.
Den Héichpunkt war dobäi eng Visite vun der indigener Kichwa-Communautéit Sarayaku. D’Participante konnten hei materliewen, wéi do d’Awunner nohalteg liewen. Sarayaku mat senge ronn 2.000 Awunner an der Provënz Pastaza ass dobäi e Symbol vum Widderstand géint d’Pëtrol-Multien am Ecuador.
Vertrieder vun der ecuadorianescher Regierung hu Sarayaku iwwregens scho mam rebellesche Duerf a Gallien vum Asterix an Obelix verglach, dat, well déi Indigen an hirem Kampf géint d’Pëtrol-Exploitatioun op hirem Territoire net labberloossen a sech bis elo mat Succès gewiert hunn. E Kampf, deen d’Lëtzebuerger op der Plaz staark beréiert huet.
Am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg leeft dës Woch eng kleng Serie iwwer déi impressionnant Rees.
Sarayaku Deel 1 (Méindeg)
De Kampf vun Indigenen am Amazonas
Sarayaku Deel 2 (Dënschdeg)
Eng staark indigen Kultur am Amazonas
Sarayaku Deel 3 (Mëttwoch)
Sarayaku: E Kampf dee faszinéiert
Sarayaku Deel 4 (Donneschdeg)
Pollutioun am Amazonas
Sarayaku Deel 5 (Freideg)
De Kampf ass nach net eriwwer
E Mëttwoch, 15. Mäerz am "Live! Planet People" war ënnert anerem den Dan Hardy vun Télé Lëtzebuerg op Besuch, deen do dem Dan Spogen éischt Abléck vun der beandrockender Rees presentéiert huet.