Mat engem Präis deen een anscheinend gewonnen huet, gëtt ee gelackelt, dono awer an e Verkafsgespréich verwéckelt.

Den Europäesche Verbraucherzentrum aus Däitschland warnt aktuell virun enger Methode, bei där Touristen op Gran Canaria ofgezockt solle ginn.

Et geet un, datt de Leit virgegaukelt gëtt, datt si eppes gewonnen hunn. Dofir gi si um Strand, ma och virun den Hoteller ugeschwat. Fir de Präis dann entgéint ze huelen, muss ee mam Verkeefer matgoen. Do fänkt den Trick dann un. Amplaz dann den Handy oder aner Saachen, déi ee gewonnen hätt, ze kréien, lant een an engem Verkaafsgespréich, ënner anerem fir eng Vakanzewunneng. Vum Präis, deen ee gewonnen huet, gëtt net méi geschwat.

Obwuel d'Verkeefer am Gespréich ganz léif a frëndlech sinn, huet een ëmmer d'Gefill, datt een do net erauskënnt, ouni de Vertrag, dee meeschtens iwwer 11 Méint leeft, z'ënnerschreiwen. No der Ënnerschrëft hätte si dann och gären direkt e puer honnert Euro, am léifste Bor oder mat der Debitkaart. Well de Kontrakt just iwwer 11 Méint leeft, ass et schwéier erauszekommen, well Verträg no EU-Richtlinnen eréischt bei 12 Méint ufänken. Och fir seng Suen zeréckzekréien, ass dowéinst schwiereg.

D'Experte vum EVZ roden dofir zur Virsiicht. Sollt ee wéinst engem méigleche Gewënn ugeschwat ginn, soll een net matgoen. Sollt een dann awer an esou enger Verkaafsveranstaltung sinn, do näischt ënnerschreiwen a scho guer net Bor oder mat Debitkaart bezuelen. Mat Kreditkaart ass d'Chance e bësse méi grouss, fir nach d'Suen zeréck ze kréien.