Neie Klassifikatiouns-System fir Hotellen
Wou 4 Stären drop stinn, sollen och 4 Stären dra sinn
VIDEO: Reportage: Neie Klassifikatiouns-System fir Hotellen
Wou 4 Stären drop stinn, sollen och 4 Stären dra sinn! Dat soll de neie Klassifikatiouns-System fir Hotellen garantéieren.
Stellt Iech fir Dir bucht fir d’Vakanz e super Hotel vu 4 Stären, an sur Place ginn Är Erwaardungen enttäuscht. Domat soll Schluss elo sinn.
Wann een hautdesdaags en Hotel online buche wëll, geet een dacks virdrun Fotoe kucken, Präisser vergläichen a Bewäertunge liesen. Ma versprécht d'Unzuel vun de Stären och wierklech, datt ee gutt gefall ass a punkto Hotel a gebuede Leeschtung?
Fir béiss Iwwerraschungen z'evitéieren gëtt et en neie Klassifikatiouns-System a 16 Länner, dorënner och Lëtzebuerg. All Betrib gëtt no den nämmlechten Critèren bewäert a klasséiert.
Am meeschte gelies