Grouss Onzefriddenheet an der beléifter Vakanzendestinatioun
Och bei ville Lëtzebuerger ass déi karibesch Insel-Grupp Guadeloupe eng ganz beléiften Destinatioun. Hannert de Kulisse kriselt et awer.
Déi schéinsten Deeg vum Joer verbréngt ee jo wuel am léifste ganz ouni Stress a Suergen. Ma dofir gären an der Vakanz mat vill Erhuelung an ouni sech grouss Gedanken mussen ze maachen.
Eng och bei Lëtzebuerger ganz beléiften Destinatioun ass do och déi karibesch Insel-Grupp Guadeloupe, déi och jo nach ëmmer e franséischt Iwwerséi-Departement ass. Ma hannert de Kulisse vun der perfekter Vakanzendestinatioun kriselt et zolidd. Et herrscht eng grouss Onzefriddenheet ënnert Deeler vun der Bevëlkerung.
D'Charlotte Bruneau war fir eis op der Platz a weist eis déi aner Säit vum Vakanzeparadäis.