Iwwer 1 Jorzéngt laang sammelt déi gréisste Blumm vun der Welt, d'Amorphophallus titanium, Energie, fir dann fir e puer Deeg ze bléien.

Si ass riseg, wiisst immens séier, a sténkt no faulem Fleesch. Déi gréisste Blumm vun der Welt, Titanwurz. Leider weist se hir Bléien awer nëmme ganz seelen. E Méinden den Owend konnt een dësen Naturspektakel an de botanesche Gäert zu Cambridge vu ganz no materliewen.

AUDIO: Titanwurz zu Cambridge / Korrespondenz vum Léonie de Jonge

Si gesäit e bëssen aus, wéi eng giel Baguette, déi an engem mofe Kabesblat agepaakt ass: d’Titanwurz, och genannt “Corpse Flower”, also: Läicheblumm, ass eng richteg Sensatioun fir d’Aen a fir d’Nues. Déi tropesch Planz, déi aus Sumatra kënnt, bléit nëmmen all 10-15 Joer. D‘Planz verbréngt also iwwert ee Joerzéngt an enger Aart Schlof, fir genuch Energie ze sammelen, fir ze bléien. A wie se dobäi wëll gesinn, dee muss op Zack sinn, well wann d’Blumm bis op geet, dauert knapps zwee Deeg, bis se verbléit.

Wa bis eng Knosp do ass, wiisst se op eemol am Rekordtempo. Den “Titus”, wéi d'Blumm zu Cambridge gedeeft gouf, ass an zwou Wochen iwwert annerhallwe Meter gewuess. Domatter war se am Verglach zu hiren Aartgenossen awer éischter kleng ausgefall. D’Amorphophallus titanum, wéi d’Blumm op Latäin heescht, ka nämlech bis zu 3 Meter héich ginn.

Wann se prett ass, fir ze bléien, geet d’Blat ronderëm d’Blumm op an et entsteet ee ganz speziellen, net ganz agreabelen Doft, deen ee sech als Mëschung tëschent Féiss, faulem Fleesch a Geessekéis virstelle kann. Dëse Gestank lackelt Insekten aus engem Ëmkrees vu bis zu 5 Kilometer un, virun allem Mécken a Kiewerleke komme geflunn, well si d’Planz mat engem Kadaver verwiesselen. An der Natur sinn et och dës Insekten, déi d’Bléi bestëbsen.

Den éischten Owend ginn déi weiblech Bléien op. Am Laf vum zweeten Dag léist de Gestank no, an déi männlech Bléie ginn op. Duerch dësen Timing verhënnert d’Natur, datt d’Planz sech selwer bestëbst. Well awer keng aner Aartgenossen an der Géigend sinn, hunn d’Botaniker bei der Reproduktioun nogehollef, andeems si déi weiblech Bléien an der éischter Nuecht bestëbst hunn. Dofir goufen extra Pollen aus dräi anere botanesche Gäert geschéckt. Ob d’Reproduktioun gelongen ass, ass nach onkloer. Ma den “Titus” ass op alle Fall antëscht verbléit. A bis et fir d'nächst souwäit ass, muss ee Gedold hunn.