En neien Rapport weist, datt de "Great Barrier Reef" op der Ostküst vun Australien méi wäert ass, ewéi geduecht.

AUDIO: Melbourne/Korrespondenz Tim Morizet

An engem neien Rapport, deen dës Woch publizéiert gouf, gëtt geschat, datt de Great Barrier Reef eng ronn 38 Milliarden Euro wäert ass, am Verglach, ass dat esou vill ewéi 12 Sydney Opernhaiser.

Duerch den Tourismus um Riff eleng ginn iwwer 20 Milliarden agespillt. Iwwer 4 Milliarden dovun ginn all Joers direkt nees zeréck an déi national Wirtschaft gespullt.

Eng 39.000 Aarbechtsplaze sinn direkt mam Riff verbonnen, eng weider 25.000 géifen ouni déi faméis Touristen-Attraktioun net méi existéieren. Am Rapport gouf weider präziséiert, datt esou gesinn de Great Barrier Reef méi Leit ustellt, ewéi déi bekannten australesch Fluchgesellschaft Quantas Airways, eng vun den gréissten Airlinnen op der Welt.

De Rapport vun Deloitte kënnt pünktlech mat der Diskussioun iwwert eng nei Kueleminn, déi am Norden vun Queensland soll opgemaach ginn. En Projet, deen eng 3.000 Aarbechtsplaze soll bréngen, awer vill kritiséiert gëtt vun der Ëmweltpolitik, well Versprieche gemaach ginn, déi net ze halen sinn.

Ëmweltschützer fäerte mat enger neier Kueleminn eng weider Quell vun Kuelestoffdioxid, deen déi global Erwiermung weider an d'Luucht dréckt. Dës wier Schold um weideren Ostierwe vum Riff. Duerch d'Opnam vun CO2 am Waasser geet den pH-Waert vum Mier erof an heescht dat d'Mier versauert.

Déi schéin Biller, déi een nach ëmmer an den Vakanzkataloge gesäit, si schonns laang passé. Tëschent 1985 an 2012 sinn d'Halschent vun de Korallen am Great Barrier Reef ofgestuerwen. En weideren groussen Deel am Norden huet den Summer vun 2016 och net iwwerlieft.

D'Fläsch vun der natierlecher Attraktioun ass iwwer 344.000 Quadratkilometer grouss - am Verglach ass dat bal esou grouss ewéi Däitschland. Den Ament liewen méi ewéi 1.700 verschidden Zorte Fësch an aner Mieresdéieren um Riff.

D'Great Barrier Reef an den Tourismus, deen et unzitt, ass ee vun de sëllechen Grënn, firwat Australien schonns zënter 26 Joer en Wuesstem ouni Ënnerbriechung erlieft.