Vakanz: Lëtzebuerger Residenten hunn 1,09 Mia. Euro ausginn

D'Lëtzebuerger Residente reese gär a ginn och entspriechend gär Suen dofir aus. Eleng 2016 koum e Chiffer vun am Ganzen 1,09 Milliarden Euro zesummen.
De Statec huet ausgerechent, dass all Resident an der Moyenne 770 Euro fir seng Rees aus. Bei enger Koppel mat engem Kand, läit d'Moyenne bei ronn 2.000 Euro.
D'Dauer vun enger Rees läit am Duerchschnëtt bei 8 Deeg, an een Drëttel vun de Reesen sinn Kurztrippe mat net iwwer 3 Nuechten.
80% vun allen Awunner sinn zejoert fortgefuer, déi meescht op Destinatiounen an Däitschland a Frankräich, mä all 10. Rees gouf baussent dem europäesche Kontinent geplangt. An den Top-Vakanzelänner, déi baussent Europa besicht ginn, leien déi asiatesch Destinatiounen, virop mat do Thailand, den arabeschen Emiraten a China, woubäi an Afrika absënns Maroc an Tunesien besicht ginn.

Interessant ze notéieren, datt nëmmen 16% vun de Reesen All-Inclusive- oder Forfaits-Reesen waren. D'Leit, déi hiren Trip an d'Ausland plangen, huelen d'Organisatioun dovunner also gär am léifsten selwer an d'Hänn.
Wat den Alter vun de Leit betrëfft: Wa méi jonk, wat méi heefeg gereest gëtt. Leit, déi iwwer 60 Joer hunn, reesen vill manner heefeg, huet de Statec erausfonnt. Esou hu 44% vun de Leit iwwer 65 Joer aus gesondheetlechen Grënn keng Rees ënnerholl.