Wéi eng Rechter huet een als Fluchpassagéier?
Elo am Ufank vun der grousser Vakanz informéiert den europäesche Verbraucherzentrum iwwer d'Rechter vun de Fluchpassagéier an der EU.
Wat huet een als Passagéier fir Rechter am Fall, wou et zu Annulatiounen oder Verspéidunge kënnt. Doriwwer informéiert elo am Ufank vun der grousser Vakanz den europäesche Verbraucherzentrum. An der Aerogare um Findel leeft eng Informatiounscampagne. Déi ass och net vu Muttwëll, well vill Leit hir Rechter net oder net genau kennen.
Am Fall wou zum Beispill d'Gepäck net ukënnt oder beschiedegt gouf, soll ee direkt eng Plainte maachen, wann een um Zilfluchhafen ukomm ass.
Onzefridde Fluchpassagéier kënnen iwwregens op guichet.lu hier Reklamatiounen online maachen, an op cecluxembourg.lu fënnt een dann all néideg Informatiounen wéini e Fluchgaascht e Recht op eng finanziell Entschiedegung huet.
E Reportage vum Dan Hardy