Manner Alkohol fir Passagéier op britesche Flughäfen

© AFP
Déi iresch Bëlleg-Fluchgesellschaft Ryanair huet es genuch vun aggressiven Passagéier, déi sech wéinst ze vill Alkohol donieft behuelen.
Ryanair verlaangt dowéinst vun de britesche Fluchhäfen, dass si manner Alkohol un d'Cliente verdeelen. Och a Baren a Restauranten sollt op d'Presentéiere vum Fluchticket insistéiert ginn a just nach 2 Glieser pro Passagéier, respektiv Ticket verkaf ginn. Virun 10 Auer moies sollt donieft guer keen Alkohol verdeelt ginn.
Als Grond nennt Ryanair, dass et ëmmer méi zu aggressivem Verhalen bei Passagéier kënnt, an dat haaptsächlech wa se vu Groussbritannien fortfléien. Et wier onfair, de munche Leit souvill ze drénken virzesetzen wéi si wëllen an et dann de Fluchgesellschaften z'iwwerloossen sech mat deene Passagéier ze ploen, déi ze déif an d'Glas gekuckt hunn a sech u keng Sécherheetsbestëmmunge méi halen.
Dem britesche Sender "BBC" no ass d'Zuel vun de Verhaftungen am Zesummenhang mat alkoholiséierteClienten op britesche Fluchhäfen a während de Flich däitlech geklommen. Bis Februar wiere bannent engem Joer 387 Passagéier negativ opgefall a festgeholl ginn. Dat Joer virdrun waren et der 255.