Bescht Plaz fir Béier ze drénken ass an engem Café zu Lennik

© rtlinfo.be
Dir sicht nach no enger gemittlecher Plaz fir e Béier ze drénken? Déi bescht Plaz dofir ass dem Internetsite "RateBeer" no zu Eizeringen.
Eleng den Numm mécht ee scho virwëtzeg.
Déi beschte Plaz op der Welt fir Béier ze drénken ass an eisem Nopeschland zu Eizeringen an der Gemeng Lennik an der Belsch. Am klenge Stiedchen, net wäit vu Bréissel ewech, ass de Café "In de Verzekering tegen de Grote Dorst", deen awer nëmme seelen op ass.
D'Gebai vum Kurt Panneels mécht nëmmen eng Kéier an der Woch seng Dieren op an dat sonndes vun 10 Auer moies bis 8 Auer owes, an no Begriefnisser.
Bei enger Auswiel vun 250 Béierszorten, dierft fir jiddereen eppes dobäi sinn.
De Café gëtt et zanter 1842 an ass schonn 3 Mol zum beschte Café vun der Welt ernannt ginn.