Scho moies um 6 mam Handduch bei de Pool sprinte fir e Ligestull ze kréien? Dat ass Passé! Mat engem neie Service kann ee säi Ligestull online buchen.

Déi eng reege sech driwwer op, fir déi aner ass et scho bal Traditioun a fält definitiv an d'Kategorie "Frühsport", rieds ass vum Ligestull reservéieren, fir direkt nom Kaffi eng gutt Plaz um Pool oder op der Plage ze hunn.

En neie Pilot-Projet vum Rees-Organisateur Thomas Cook, deen Enn Februar lancéiert gëtt, soll domat Schluss maachen. An dat fir e Präis vun 25 Euro.

Mam Projet "Meine Sonnenliege" kann de Client 6 Deeg virum Depart an d'Vakanz  mat nëmmen e puer Klicke säi Wonsch-Ligestull iwwer Internet reservéieren. Iwwert e Link kritt een e Pool-Plang vum Hotel a schonn huet ee säin Handduch virtuell placéiert. Op der Plaz gëtt de Ligestull mat engem richtegen Handduch an engem klenge Schëld mat der Zëmmernummer vum Gaascht reservéiert.

Enn Februar soll et wéi gesot lassgoen, mat 3 Hotellen op de Kanaren. Bis am Summer sollen et der am Ganzen 30 sinn an am Laf vum Joer soll de Service nach an aneren Hotellen ugebuede ginn.

RTL