Aktuell fiert dat fënnefte Schëff ënnert dem Numm "Princess Marie-Astrid" op der Musel. D'Virgänger goufen all verkaf an ee Schëff fiert haut op der Elbe.

25 Joer ass et hier, dass dat drëtt Schëff op den Numm „MS Princesse Marie-Astrid“ gedeeft ginn ass. Haut ass schonn dat fënneft Schëff ënnert dësem Numm op der Musel am Asaz. D’Virgänger sinn all an d’Ausland verkaf ginn. Eent dovunner ass zu Hamburg op der Elbe am Asaz. Nei ënnert dem Numm MS "River Star". D’Isabelle Henschen war sech ukucken, ob nach eppes un déi drëtt MS Princesse Marie-Astrid, déi tëscht 1993 an 1999 hei am Land ënnerwee war, erënnert.

RTL

Villes erënnert nach un seng Zäit zu Lëtzebuerg, obwuel dat schonn 18 Joer hier ass. Ënner anerem déi oppe Galerie an der Mëtt vum Schëff ass haut, wéi deemools, d'Markenzeechen. An awer kann een erkennen, wann een dat aktuellt Schëff mat Archivbiller vergläicht, datt souwuel bannen, wéi och baussen, vill verännert gouf. D'Schëff huet missen der Situatioun, an der Géigend vun der rauer Nordsee, ugepasst ginn an och fir déi schwéier Wiederkonditiounen equipéiert ass.

RTL

Zenter 2004 ass den Heiko Oswald, vun der Reederei Rainer Abicht, den neie Kapitän. D'Schëff ass iwwert d’Musel zu Koblenz an de Rhäin gefuer. An iwwert de Rhäin Richtung Norden an Holland iwwert d’Isjelmeer laanscht d’Nordfriesech Insele bis an d’Elbmündung eran. Haut ass et virun allem ob groussen Haferundfahrte ronderëm Hamburg ënnerwee.