Déi 10 beléifste Reesdestinatiounen, Hoteller a Plagen

© RTL Archivbild
Wien nach keng konkret Iddi huet, wou en dëst Joer soll an d'Vakanz goen, ka sech um Uerteel vun der Rees-Community op Tripadvisor inspiréieren.
Op Basis vu Millioune Bewäertunge gouf e Ranking opgesat, mat de beléifsten a flottste Reesdestinatioune weltwäit fir d'Joer 2018. "Beléift" bedeit an dësem Kontext net nëmmen kulturell an touristesch Haaptattraktiounen, exzeptionell Plazen an eventuell Geheimtipps, ma och eng grouss Offer u Restauranten an Aktivitéiten.
Tripadvisor ermëttelt déi beléifste Ziler mat Hëllef vun de Bewäertunge vun hire User, déi dann och all Joer als "Traveller's Choice Awards" verëffentlecht ginn.
Plaz 1: Paräis
Nodeems déi franséisch Haaptstad an de leschte 5 Joer un Attraktivitéit verluer hat, ass Paräis dëst Joer nees op der Spëtzepositioun vum Ranking. No den Terroruschléi am Joer 2015, waren d'Visiteurszuelen ferm gefall. 2017 huet sech den Tourismus awer nees erholl. D'Mëschung aus Architektur, Muséeë mat der Konscht vu weltbekannte Moler, Restauranten a ville Shopping-Méiglechkeeten iwwerzeegt.

© AFP
Plaz 2: Groussbritannien
Zu London trëfft Geschicht op Konscht, Moud a britesch Traditiounen openeen. Jidderee ka fir sech ganz individuell de perfekten Dag organiséieren, sief et fir eng Visitt am Tate Museum oder an der Royal Opera House fir Kulturfrënn, duerch d'Oxford Street fir Shopping-Begeeschtert oder et geet een op d'Sich no de beschte Fish 'n' Chips. Fir d'Frënn vu Bicher a Museksfrënn kommen an der Abbey Road op hir Käschten.

© AFP
Plaz 3: Roum
Roum kann een net an engem Dag besichen, dofir kritt een einfach ze vill gebueden: e risege Fräiloftmusée, liewensecht Collagen, allerhand Mäert an allgemeng en iwwerwältegenden, historeschen Hannergrond. De Kollosseum oder de Pantheon bewonnere bei engem gudde Cappuccino an duerno enger Shopping-Tour um Campo de'Fiori oder an der Via Veneto.

© AFP
Plaz 4: Bali
Déi indonesesch Insel Bali ass e richtegt Trope-Paradäis: Sonn tanken op enger wäisser Plage oder an de Korallen dauchen tëscht tropege Fësch oder engem prächtege Schëffswrack aus dem Zweete Weltkrich. U Land kann een déi exotesch Vegetatioun vum Dschungel, déi sëllechen Tempelen an déi frech Afen entdecken.

© AFP
Plaz 5: Kreta
Déi griichesch Insel ass e richtege Bijou, déi op engem turquoise-bloe Mier schwëmmt mat ville flotte Plagen. Kreta huet och eng eminent historesch a mythologesch Bedeitung: Et gëtt gesot, op dëser Insel wier de Gott Zeus op d'Welt komm an do wier déi éischt modern Zivilisatioun an Europa entstan.

© AFP
Plaz 6: Barcelona
Surreal beschreift Barcelona wuel am beschten, eleng duerch d'Tatsaach, dass de Salvador Dalí sech hei opgehalen huet an de katalaneschen Architekt Antoni Gaudí vill Gebaier entworf huet, besonneschen Highlight ass zum Beispill d'Kierch Sagrada Família. Bei enger gudder Sangria de ville Stroossekënschtler nozekucken an dobäi d'Sonnestralen afänken, wat wëll ee méi?!

© AFP
Plaz 7: Prag
Wie léiwer eng Kulturrees huet, wéi op der Plage ze leien, ass hei genee richteg. Eleng een Dag brauch ee scho fir d'Buerg ze kucken an duerno kann ee bei engem deftegen Iessen an enger vun de villen traditionellen tschecheschen Taverne raschten. Nieft der Alstad an der Uhr, kënnt ee besonnesch Owes op seng Käschten.

Plaz 8: Marrakesch
Déi rout Stad kann ee wierklech magesch nennen, mat senge ville Mäert, prestigiéise Gäert a Palaisen. Eleng een Dag kann ee just domat verbréngen déi flott Bannenhäff a verwénkelt Gaasse vun der Medina z'entdecken. Rou fënnt een dogéint nees am Jardin Majorelle oder am Schiet vun den historesche Moscheeën.

© AFP
Plaz 9: Istanbul
Eng Visitt vun der Bloer Sultan-Ahmet-Moschee, en handgeknäppten Teppech kafen op engem vun de ville Basaren an dobäi ëm de Präis feilschen oder an engem traditionellen, tierkesche Bad relaxéieren. Istanbul huet ganz vill ze bidden.

© AFP
Plaz 10: New York
Extrem vill z'erliewen, mat ville Leit, ville Gebaier, da muss een op New York. Op kee Fall sollt ee sech d'Fräiheetsstatue, den Empire State Building, de Central Park an d'Metropolitan Museum of Art verpassen. Awer och déi manner beléift Attraktioune wéi The Cloisters oder eng Bibliothéik sinn e Besuch wäert. Ob chic Restauranten op der Upper West Side oder méi onkonventionell Butteker am West Village, d'Stad huet extrem vill ze bidden.

© AFP
Schéinste Plagen
- Grace Bay, Providenciales (Turks & Caicos)
- Baia do Sancho, Fernando de Noronha (Brasilien)
- Varadero Beach (Kuba)
- Eagle Beach (Aruba)
- Seven Mile Beach (Grand Cayman)
- La Concha Beach, San Sebastian (Spanien)
- Clearwater Beach (Florida, USA)
- Seven Mile Beach, Negril (Jamaika)
- Bavaro Beach (Dominikanesch Republik)
- Playa Norte, Isla Mujeres (Mexiko)

© Fotolia
Destinatiounen, déi méi beléift ginn
- Ishigaki (Japan)
- Kapaa (Hawaii, USA)
- Nairobi (Kenia)
- Halifax (Nova Scotia, Kanada)
- Danzig (Polen)
- San Jose (Costa Rica)
- Riga (Lettland)
- Rovinj (Kroatien)
- Nerja (Spanien)
- Casablanca (Marokko)

© AFP
Beschten Hoteller
- Viroth's Hotel,Siem Reap (Kambodscha)
- Tulemar Bungalows & Villas, Nationalpark Manuel Antonio (Costa Rica)
- Umaid Bhawan Palace Jodhpur, Jodhpur (Indien)
- Hanoi La Siesta Hotel & Spa, Hanoi (Vietnam)
- Gili Lankanfushi Maldives, Lankanfushi (Malediven)
- Hotel Belvedere, Riccione (Italien)
- The Nantucket Hotel & Resort, Nantucket (Massachusetts, USA)
- La Reserve Paris - Hotel and Spa, Paris (Frankräich)
- Nayara Springs, La Fortuna de San Carlos (Costa Rica)
- Hanoi La Siesta Hotel Trendy, Hanoi (Vietnam)