Beléifte Maya-Plage an Thailand vun elo un all Joer fir 4 Méint gespaart

© AFP
D'Plage op der thailännescher Insel Koh Phi Phi ass duerch de Film "The Beach" mam Leonardo DiCaprio berühmt ginn, dofir ass se och vill besicht.
Déi thailännesch Regierung huet elo decidéiert, dass d'Maya-Bucht all Joer zouzemaachen, dat vu Juni bis September. Sou soll d'Natur Zäit kréien, fir sech ze regeneréieren. Och Booter ass et an där Zäit net méiglech do ze ankeren.
D'Korallewelt a seng Bewunner leide besonnesch an deene Méint, wou all Dag bis zu 5.000 Visiteuren ureesen, fir déi berühmter Bucht eng Kéier live z'erliewen. 2017 war d'Bucht schonn emol gespaart ginn. Dat war fir 3 Méint. Wéi gesot, soll dat elo all Joer sinn an op 4 Méint. Vun Oktober un, wann d'Haaptsaison lancéiert ass, soll et just 2.000 Leit erlaabt sinn d'Plage ze gesinn.

Dat sinn awer net déi eenzeg Mesuren, déi am Kader vum Ëmweltschutz lancéiert goufen, ëmmerhi reesen all Joer iwwer 35 Milliounen Leit an Thailand. Zum Beispill sollen och d'Visiteurszuelen op de beléiften Similan-Inselen limitéiert ginn. Och am Golf vun Thailand gëlle méi streng Regelen: Zu Koh Samui a Koh Phangan gëtt d'Fëschen vu Juli un bestrooft an och net méi erlaabt, ass d'Fiddere vu Fësch.