De Statec huet d'Zuele vun de Fräizäitreesen vun de Lëtzebuerger Residenten tëscht 1997 an 2016 publizéiert a lancéiert anengems eng nei Ëmfro.

2016 hunn d'Leit hei am Land iwwer eng Milliard Euro fir d'Vakanz ausginn, dat sinn 770 Euro pro Resident an pro Rees. ënner anerem dat geet aus dem neiste Statec-Bulletin ervir.

9 vun 10 Leit ginn an Europa an d'Vakanz. Mat gutt 18% am Léifsten a Frankräich. Duerno kommen Däitschland, Spuenien an Italien.

Dës Zuelen goufen elo, am Kader vun enger neier Ëmfro, déi dëser Deeg lancéiert gëtt, publizéiert.