Jonker Wëssenschaften méi no bréngen, dat ass ee vun den Ziler dat sech den "Explorers Club" gesat huet.

Vum 6. Abrëll bis de 15. Abrëll war eng Expeditioun op de Nordpol mat Kanner, wou och zwee lëtzebuergesch Kanner vu 7 Joer, déi mat der Famill zu New York liewen, dobäi waren. Mat zréck bruecht hu se vill Erfarungen a vill flott Biller.

Et huet een eng ganz Partie Experimenter gemaach, och fir de Kanner d’Science méi no ze bréngen. Vun der Plaz huet een alles mat ronn 200 Schoule ronderëm déi ganz Welt gedeelt.

RTL

An den nächste Woche komme mer op RTL.lu direkt e puer Mol zeréck op dës Expeditioun. Mir weisen iech flott an impressionant Biller, kucken op d'Experimenter, déi gemaach goufen, an erklären e bëssen den "Explorers Club".