LuxairTours hat sech fir de 50. Anniversaire eppes ganz Spezielles afale gelooss fir d'Passagéier vu Palma.

Wann ee mam Fliger aus der Vakanz kënnt, da kënnt bei deem engen oder anere bestëmmt och mol dat Gefill op, datt ee beim Gepäckband steet a staark drop hofft, datt d’Wallis mat ukomm ass. Ma d’Passagéier, déi en Dënschdeg vu Palma de Mallorca op Lëtzebuerg zeréckgeflu sinn, hunn dee Moment eng ganz aner Iwwerraschung erlieft.

Luxair Tours hat sech fir 50 Joer bestoen eppes ganz Spezielles afale gelooss. Fir all Famill, Koppel oder Single gëtt et e personaliséierte Cadeau. Spillsaache fir d’Kanner. Badminton-Raquettë fir déi Sportlech. Bueddicher a Fotosapparater fir déi nächst Rees. A mat Musek soll och d’Vakanz an d’Verlängerung goen.

Mam Ufank vum Massentourismus ass LuxairTours gegrënnt ginn. Palma war wéinst senger touristescher Infrastruktur eng vu 5 Destinatiounen. Haut sinn et der 40.

VIDEO: 50 Joer LuxairTours - Interne Video
Fir de 50. Anniversaire vu LuxairTours huet ee fir eng speziell Aktioun och en interne Video gedréit, deen RTL zur Verfügung gestallt krut.