D'CO2 Emissiounen duerch de weltwäiten Tourismus sinn enger neier Etüde no vill méi grouss, wéi bis ewell ugeholl gouf.

En Team vu Fuerscher huet de Ausstouss op ronn 8% vun de globalen Emissiounen chiffréiert.

D'Wëssenschaftler vun der University of Sydney hunn an deem Kontext vill méi wéi just d'Repercussioune vun Transportmëttel an Hoteller an hirer Analyse consideréiert. Mä si hu sech och op Iessen, Gedrénks an den Eenzelhandel konzentréiert.

D'Top dräi vun den gréissten Produzenten vun CO2 Emissioune weltwäit si virop Touristen aus den USA, hannendru kënnt China an op déi drëtt Plaz Däitschland.