Eigentlech wollte si "just" vun Argentinien an Alaska fueren. Zanter e Sonndeg si se hei zu Lëtzebuerg.

Am Joer 2000 ass d'Rees lass gaang. Mëttlerweil sinn 18 Joer vergaangen, d'Koppel krut 4 Kanner... an ass nach ëmmer op Weltrees an hirem mëttlerweil 90 Joer ale Graham Paige.

AUDIO: 15/05/2018 Famill Zapp

Lëtzebuerg wär immens, seet den Hermann Zapp. D'Alstad, déi schéi Bëscher an d'Natur... De Mann muss et wëssen! Ëmmerhinn huet den Argentinier op senger onerwaart laanger Weltrees 181 verschidde Länner entdeckt. Fir hiren Dram ze verwierklechen, hunn den Herrmann an d'Candelaria hir Aarbecht, séchert Akommes an d'Haus opginn a sech op de Wee gemaach.

Hermann Zapp: Mir hunn eis esou eidel gefillt. Mir hunn eis mat Saache bedeckt, awer net mat Liewen. Dëst war vu klengem un eisen Dram. Ech hunn d'Candelaria kennegeléiert wéi et 8 Joer al war. Wéi hatt der 14 hat an ech 14 si mer eng Koppel ginn. Mir hunn ëmmer dovunner gedreemt ze reesen an dës wonnerbar Welt ze entdecken. A mir hunn et net gemaach.

Schlussendlech hunn déi zwee sech op de Wee gemaach. An hirem Graham Page vun 1928. Den Auto an deem se haut nach mat hire 4 Kanner ënnerwee sinn. Den um Dag eng Zort Zelt huet fir erauszezéien an dran ze schlofen.

Candelaria Zapp: Mir haten ni geplangt Kanner ënnerwee ze kréien. Wann ech gewosst hätt, dass ech 18 Joer laang ënnerwee duerch d'Welt wär, keng Sue méi hätt, dofir awer 4 Kanner, hätt ech mäin Haus vu lauter Angscht ni verlooss. Ech hat schonn Angscht genuch virun deene geplangte 6 Méint Rees.

Iwwer 3 Joer hunn d'Zapps gebraucht fir vun Argentinien an Alaska ze kommen. No 6 Méint waren déi zwee réischt am Ecuador. An hate keng Sue méi.

Candelaria Zapp: Wann s du keng Sue méi hues, da muss du anescht iwwerliewen. Ech hunn ugefaange mat molen a mir hu meng Biller verkaf. An dunn huet den Herrmann ugefaangen ze schreiwen. Lo hu mer eist Buch, souguer op Franséisch. Et ass eist éischt Buch op Franséisch... An esou kënne mer eisen Dram deelen. D'Leit kafen eist Buch a mir kënne méi wäit reesen.

Mat hirem Buch wëll d'Famill Zapp d'Leit ureegen hir eegen Dreem ze realiséieren. Hir 4 Kanner, 15, 13, 10 an 9 Joer al sinn ënnerwee gebuer. Kennen näischt anescht wéi d'Liewen als Globetrotter.

Pampa Zapp - 15 Joer: Mäin Numm ass Pampa. Ech sinn an den USA gebuer. Nei Kulturen a Plazen ze entdecken ass ëmmer flott. Mä dat Bescht op der Rees ass nei Frëndschaften ze schléissen. An Israel hunn ech souvill Frënn kennegeléiert, datt ech mir fir Chrëschtdag e Fligerticket gewënscht hunn an ech 20 Deeg laang konnt meng Frënn besichen.

Op d'Fro, ob hien eppes bereit, wann en op säi Liewen als Weltenbummler zréckkuckt, fält dem Hermann Zapp just eppes an: datt hien sech net éischter op de Wee gemaach huet.

E Mëttwoch den Owend um 19 Auer hält d'Famill Zapp op Invitatioun vum ACL a vum Veräin Stroossen-Klassik eng Konferenz iwwer hiert Liewen op der Rull. Rendez-vous ass um 19 Auer am ARCA zu Bartreng.