Lëtzebuerger um Nordpol: Experimenter a kulturell Aktivitéiten
De Martin Kraus war Member vun dëser Expeditioun an huet eis erzielt, wéi d'Expeditioun um Nordpol ofgelaf ass.
Eng Lëtzebuerger Famill war um Nordpol an déi zwee Kanner waren doduerch déi jéngste Mënschen, déi am héijen Norden op enger Expeditioun war.
Net nëmmen hu si dohanne ganz flott Andréck konnten afänken, mä si hunn och divers Experimenter a kulturell Aktivitéiten dohannen duerchgefouert. Esou gouf gemooss, wéi vill Fiberen vun eise Kleeder am Äis an esou och potentiell am Waasser kënne sinn. An engem zweeten Experiment gouf gekuckt, wéi sech d'Äisplacken um Nordpol beweegen.
Kulturell goufen de verschidde Performancen gemaach, déi et bis elo nach net um Nordpol gouf. Dorënner eng Pantomime-Show vun de Kanner, et gouf eng Biller-Gallerie opgehaangen oder en Labyrinth um Äis organiséiert. Vill Spaass haten d'Kanner och mam Schéi, neiem Schnéi, an dat esou wäit, wéi ee kucke kann.
Duerch esou Experimenter konnten d'Kanner gesinn, wéi vulnerabel eis Ëmwelt ass a wéi d'Mënschheet amgaangen ass, se futti ze maachen, esou de Martin Kraus.