Wou sinn déi schéinste Plagen an Europa?

© RTL Archivbild
Summer, Sonn, Dolce Vita an dat op de schéinste Plagen an Europa. Dir wësst net wou se sinn? Mir verroden Iech et.
Plage ass net gläich Plage a wa schonn näischt maachen, da wann ech gelift op enger vun de schéinste Plagen an Europa. Fir all Goût ass eppes dobäi: vu rengem wäisse Sand, kleng Fielsbuchten, rauer Natur a kristallkloert Mier.
All Joer fënnt een op Tripadvisor eng Lëscht mat de flottste Plagen. Bei den "Travellers'Choice Awards" gëtt net nëmmen op d'Qualitéit gekuckt, d'Plage mussen och e puer Critère erfëllen an déi hunn d'User vun der Plattform zesummegesicht. Erauskoumen déi 20 schéinste Stränn an Europa.
LINK: Déi komplett Lëscht op Tripadvisor
1. Playa de La Concha
Dës gutt gefleegte Plage am Norde vu Spuenien gehéiert zu den Hotspots vu villen Touristen. Déi 54.000 Quadratmeter Sand leien agerummt vun de Fielsmassen vum Monte Igueldo a Monte Urgull, an direkt bei der Alstad vu San Sebastián.

© Playa de La Concha/Facebook
2. Elafonisi
Eng Plage wéi am Paradäis mat rouegem glaskloren Mier. Dat hellblot Waasser an de rosae Sand, deen aus roude Korallespuren besteet, bidden e spektakuläre Kontrast. Elafonisi läit am südwestlechen Deel vun der griichescher Insel Kreta.

© Elafonisi/Creta/Facebbok
3. Praia da Falésia
Vill Leit bezeechnen dëse Strand a Portugal gär als ee vun de Schéinsten op der Welt. Eent ass sécher, hei fënnt och all Mënsch eng Plaz, mat enger Längt vu 6 Kilometer ass et nämlech déi längste Plage an der Algarve, deen duerch rout Fielse vum Hannerland getrennt ass.

© Albufeira | Algarve - Portugal/Facebook
4. Fig Tree Bay
Et ass d'Landschaft, déi hei besonnesch begeeschtert am Nordoste vun Zypern, ënnermoolt vu Figebeem a Wandmillen. Dat rouegt glaskloert Mier ass souwuel fir Familljen, wéi och fir Waassersportler gëeegent, dobäi ass de Sand esou reng, dass ee net ee klenge Steen fënnt.

© Fig Tree Bay/Facebook
5. Bournemouth Beach
Dës Plage ass zanter engem Joerhonnert de beléifsten Treffpunkt an England. Se ass awer net nëmmen wéinst dem laange goldgiele Sand an dem bloe Mier esou beléift, ma och nach wéinst sengem weltberühmte Stee.

© Bournemouth Beach/Facebook
6. Cleopatra Beach
Den Numm vun dëser beandrockender Plage kënnt tatsächlech vun der bekannter Pharaonin selwer. Si soll eng Rees laanscht dës Bucht gemaach hunn, se sou schéi fonnt hunn, dass se huet missen eng Paus maachen, fir am Mier ze schwammen. Deemools war et nach eng Hafestad, haut ass et déi beléifste Plage an der Tierkei, e richtegen Touristemagnéit op enger Längt vun 2,5 Kilometer.

© Cleopatra Beach/Facebook
7. Spiaggia del Conigli (Kanéngerchersplage)
De Wee op dës Plage op der italienescher Insel Lampedusa ass wierklech net sou liicht, ma belount gëtt ee mat Karibik-Feeling pur, just eben ouni Palmen. De Strand läit matten am Naturschutzgebitt, dofir sollt ee besser e Sonneprabbeli an e Picknick mathuelen, wann ee méi laang do bleift.

© I Love Sicilia/Facebook
8. Balos Lagun
Säi spektakulären Ubléck huet dozou gefouert, dass dës Plage ee vun de beléifste Fotomotiver vun der griichescher Insel ass. Et ginn och just 2 Weeër: No enger Wanderung vun 2 Stonnen oder mam Boot, respektiv Schëff, dat ee vu Kissamos aus huele kann, erreecht een dës beandrockend Bucht un der nordwestlecher Spëtzt vu Kreta.

9. Playa de ses Illetes
Eng scheinbar endlos Plage mat wäissem Puddeersand a glaskloert Waasser, ass et, wat dëse Strand ausmécht. Un der schmueler Landspëtzt am Norde vu Formentera ass déi ronn 50 Meter breet a kilometerlaang Playa de ses Ielletes.

© Ibiza Travel Experience/Facebook
10. Playa de Las Canteras
Matten am Häerz vun der Inselhaaptstad Las Palmas fënnt een dës Playa a wann een de Bewunner gleewe kann, ee vun de beschte City-Stränn op Gran Canaria an dowéinst net nëmme bei den Touristen immens beléift.

11. Simos Beach a Griichenland
12. Konnos Bay op Zypern
13. Praia Dona Ana a Portugal
14. Praia Da Rocha a Portugal
15. Iztuzu Beach an der Tierkei
16. Luskentyre a Schottland
17. Tropea an Italien
18. Makronissos Beach op Zypern
19. Spiaggia La Pelosa op Sardinien
20. Icmeler Beach an der Tierkei
