Singapore Airlines bescht Fluchgesellschaft 2018, Luxair an der EU op 8

© AFP Archivbild
Domadder klëmmt d'Gesellschaft vun der Plaz 2 op Plaz 1. Den ëmgedréinte Wee ass Qatar Airways gaangen, déi elo op Plaz 2 sinn, Drëtten ass ANA.
De Ranking vun de beschte Fluchgesellschaften huet Skytrax Ufank der Woch publizéiert.
Si hunn op d'Plaz 1 Singapore Airlines gesat, mat der Erklärung, datt si eng vun de jéngste Flotten op der Welt hunn an Destinatioune op de 6 Kontinenter ufléien. Donieft ass d'Airline bekannt fir en héije Standard vun hirem Service.
Domadder huet d'Airline Qatar Airways op déi zweete Plaz verdrängt. Ëmmerhin flitt dës Gesellschaft 140 Destinatiounen op der ganzer Welt un, dat esouwuel op Vakanzen-, wéi och op Business-Destinatiounen. Och si si fir hiren excellente Service bekannt.
D'Plaz 3 ass da fir d'All Nippon Airways, déi gréisste Fluchgesellschaft aus Japan, déi 80 international an 110 national Destinatiounen ubidden.
Kompletéiert gëtt d'Top 10 vun den Emirates, EVA Air, Cathay Pacific Airways, Lufthansa, Hainan Airlines, Garuda Indonesia an Thai Airways. Et fält op, datt ënnert den 10 beschte Fluchgesellschaften effektiv 9 asiatesch Entreprisen sinn. D'Luxair iwwregens taucht net an den Top 100 Airlines op der Welt op.

Regional Fluchgesellschaften an Europa

© RTL (Archiv)
Kuckt ee sech dann d'Lëscht vun de regionale Fluchgesellschaften aus Europa un, do fënnt een dann och eis national Gesellschaft erëm. Luxair land op Plaz 8, hannert Aegean Airlines, Air Dolomiti, Air Malta, Air Nostrum, S7 Airlines, Atlas Global an Air Serbia. D'Top 10 gëtt duerch flyBe an CSA kompletéiert. D'Lëschte vun den anere Regioune fënnt een um Site vun de World Airlines Awards.

Bescht Bëllegfluchgesellschaften

© AFP
Bei de méi gënschtege Gesellschaften fënnt een mat EasyJet a Ryanair awer direkt 2 Entreprisen, déi vum Findel aus starten. EasyJet kënnt op d'Plaz 3, hannert AirAsia a Norwegian. Ryanair huet mat der Plaz 11 esou just d'Top 10 verpasst.

Bord-Entertainment

© AFP
Konzentréiert ee sech eleng op den Entertainment, gesäit d'Top 10 anescht aus, wéi wann een nach déi komplett Lëscht kuckt. Hei bidd Emirates de Leit am meeschten, dat viru Singapore Airlines a Qatar Airways. D'Plaz 4 ass da fir déi australesch Gesellschaft Qantas Airways, mat Turkish Airlines gëtt dann d'Top 5 komplett. Dohannert kommen dann nach Delta Air Lines, Virgin Atlantic, Cathay Pacific Airways, Etihad Airways a Lufthansa.
