Déi lescht Woch goufen d'World Airlines Awards verdeelt an esou déi beschte Fluchgesellschafte geéiert.

Am Kader vun de World Airlines Awards wollte mir vun den RTL-User wëssen, wat fir si déi beschten a beléiftste Fluchgesellschafte sinn. Dofir hate mir eng Ëmfro an eisen Artikelgesat.

Sief virop gesot, datt d'Lëtzebuerger* am léifste mam Fliger an d'Vakanz ginn. Ganzer 69 Prozent vun de 685 User, déi matgemaach hunn, fléie gären an d'Vakanz. Op d'Plaz 2 mat 18 Prozent kënnt dann den Auto, d'Bronzmedail deele sech de Camper an d'Roulotte mat deene Leit, déi léiwer doheem bleiwen (Béid 3 Prozent mat 19 Stëmmen). Als Alternativen zu eise Froen hate 4 Persounen "Anerer" uginn, déi ginn da léiwer zu Fouss oder mam Schëff an d'Vakanz.

Déi beschte Fluchgesellschaft ass fir d'Lëtzebuerger kloer d'Luxair, dat soten op alle Fall 44 Prozent vun de Leit. 13 Prozent fléien da léiwer mat der Lufthansa respektiv 12 Prozent mat Emirates. Ma och Singapore Airlines (11 %) bleift nach iwwer 10 Prozent. Déi aner Gesellschaften, déi beim offizielle Ranking am Beschten ofgeschnidden hunn, hunn dat bei de User vun RTL.lu awer net gemaach: Qatar Airways (4%), Thai Airways (2 %), Cathay Pacific Airways (1 %) an ANA, Garuda, Eva an Hainan (0 Prozent). Ëmmerhi krut just Hainan keng Stëmm.

Interessant awer och, datt 13 Prozent vun de Leit eng Fluchgesellschaft uginn hunn, déi net an der Top 10 Lëscht stoung, respektiv net eis national Airline ass. An do hunn 13 Leit d'Swiss Air als déi beschte Fluchgesellschaft uginn, 12 Leit d'KLM a 5 d'Air France respektiv d'Turkish. 7 Persounen hunn d'Ryanair uginn, awer och mat der Begrënnung vum Präis. 2 Stëmme goufen et fir British Airways, Condor, Easyjet oder United. Eng Stëmm gouf et ënner anerem fir Air New Zealand

Am Meeschte flitt de Lëtzebuerger dann och mat der Luxair, dat soten op alle Fall 437 Leit. 50 Leit fléie ganz dacks mat Lufthansa, an 32 mat Ryanair. Och méi dacks genannt goufen Emirates (18), KLM (17), Qatar (8), Swiss (8), Singapore (7) Condor (7), Air France (7), Turkish (6), British (5) oder TAP (5).

* Eis Ëmfro ass begrenzt representativ, wëll si just d'Gewunnechte vu User vun RTL.lu erëmgëtt.