D'Stëmmung hätt am voll besate Centre de Loisirs zu Rolleng net besser kéinte sinn.

Déi 1. Kapesetzung 2019 vum KaGePe e Freideg war schonn e gudde Barometer fir eng excellent Fues-Saison bis Halleffaaschten zu Péiteng. De Centre de Loisirs zu Rolleng war wéi ëmmer rappelvoll an dorënner och vill flott verkleede Boken, mat nach deem een oder anere Politiker, dee sech dorënner verstoppt. Si kruten en immens ofwiesslungsräiche Programm gebueden, mat Musek, Danz a lëschtege Sketcher, a mattendran: de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Susana.