E Méindeg am Nomëtteg hat de Buckingham Palace matdeelt, datt d'Meghan an de Wéie léich. Kuerz drop housch et, de Puppelche wier do.

An déi Ausso koum vun engem, deen et wësse muss: De Prënz Harry huet der BBC confirméiert, datt et e Jong wier an datt et der Mamm an dem Puppelche ganz gutt géif goen.

Duerno koum och déi offiziell Matdeelung mat weideren Detailer: De Bëbee ass ewell e Méindeg de Moie géint hallwer 6 englesch Zäit op d'Welt komm a war eppes iwwer 7 Pond schwéier.

Nach viru Kuerzem hat de Prënz Harry seng Rees op Amsterdam ofgesot. Vum Buckingham Palace koum awer ni d'Confirmatioun, datt dëst eppes mat der Gebuert vum Puppelchen ze dinn hätt.

Den Haff hat sech awer laang zeréckgehalen, wat d'Gebuert vum Kand ugeet. D'Meghan hat awer eng Kéier viru Fans erwäänt, datt d'Kand Enn Abrëll, respektiv ufangs Mee sollt op d'Welt kommen.

© AFP (Archiv)