E Samschdeg war d'Arrivée zu Venedeg an du goung et nees heem
Wat hir Popularitéit ugeet, bleift si einfach e Phänomen! Rieds geet natierlech vun der Päischtcroisière, déi och 2019 nees ënnerwee ass.
Déi 34. Päischtcroisière mat Neptun Cruises ass vum 25. Mee bis den 1. Juni 2019 u Bord vun der MSC Musica ënnerwee vu Venedeg (Italien) iwwer Brindisi (Italien), Katakolon/Olympia (Griichenland), Mykonos (Griichenland), Piräus/Athen (Griichenland), Saranda (Albanien), Dubrovnik (Kroatien) hannescht op Venedeg (Italien).
Hei op RTL.lu kritt Dir vun all Destinatioun flott Fotoe vun eise Fotografe Ketty a Rom Hankes, grad wéi vum Roland Miny (pressphoto.lu).
FOTOGALERIE vum Roland MINY op pressphoto.rtl.lu.
All d'Fotoen 2019
All d'Fotoe vun de leschte Päischtcroisièren am Iwwerbléck
HEI geet et op d'Iwwersiichtssäit "FOTOE vun der Päischtcroisière zeréck bis an d'Joer 2004!"
De Programm 2019
Samschdes: Depart vu Venedeg
Sonndes: Brindisi (Italien)
Méindes: Katakolon/Olympia (Griichenland)
Dënschdes: Mykonos (Griichenland)
Mëttwochs: Piräus/Athen (Griichenland)
Donneschdes: Saranda (Albanien)
Freides: Dubrovnik (Kroatien)
Samschdes: Zeréck op Venedeg an dann heem op Lëtzebuerg
