Queesch duerch Europa fënnt een net nëmme flott Touristenattraktiounen, mä och vill Muséeën, historesch Sitten a Plazen, déi eng Visitt wäert sinn.

D'Päischtvakanz steet virun der Dier a ganz vill Leit profitéieren vun där Woch, fir sech eng kleng Auszäit ze gënnen. An enger Woch huet een awer besser sech net grad eng all ze wäit Destinatioun erauszesichen.

Mir hunn eng Must-See-Lëscht zesummegestallt, fir op senger Rees net ze vill Zäit ze verléieren, mat Plazen an Europa, déi een op alle Fall mol eng Kéier sollt gesinn hunn.

Schönbrunn Palast an Éisträich

Ronn 3,8 Millioune Visiteure kucke sech d'Summerresidenz aus der Habsburg Dynastie all Joer un. Dëse Palais ass d'Häerzstéck vu Wien an dat mat immensen 1.441 Zëmmeren. Et sollt ee sech allerdéngs en Dag Zäit huelen, fir sech bannenan alles unzekucken an och en Tour duerch de Gaart ze maachen. An deem Kader sollt ee sech am Viraus vläicht iwwert déi saisonal Evenementer schlau maachen, déi eng Visitt nach méi eemoleg maachen.

Bréissel

Net wäit vu Lëtzebuerg ewech fënnt een d'Haaptstad vun eise belschen Noperen an d'Häerz vun Europa. Bréissel huet vill verschidde Gesiichter mat kontrasträicher Architektur, Konscht- a Kulturschätz, villen EU-Institutiounen an zu gudder Lescht och bekannt wéinst de Knippercher an natierlech de Fritten.

Klengen Tipp: All Joer am August verwandelt sech d'Grand Place an e faarwege Blummenteppech, der Plaz, déi u sech awer e ganzt Joer eng Visitt wäert ass.

Plitvice Séien am Nationalpark a Kroatien

Net wäit vu Zagreb ewech fënnt een eng Plaz, déi zanter "Game of Thrones" zu engem absolutten Hotspot bei den Touriste ginn ass. Eleng 2018 sinn 749.0000 Visiteure bei dëse Séien am Nationalpark vu Kroatien passéiert, ma net eréischt zanter der Kultserie sinn dës séier bekannt, se si schonn am Oktober 1979 an d'Lëscht vum Unesco Weltkulturierwen opgeholl ginn.

Prager Buerg an der Tschechescher Republik

Dëst Schlass gehéiert zu engem vun de gréisste Schlässer iwwerhaapt op der Welt an deem een souwuel de royale Palais fënnt, mä och St. George's Basilika, St. Vitus Kathedral, dem Rosenberg Palais a seng bekannten 2 Tierm. D'Buerg gouf am 9. Joerhonnert gebaut an huet hiert Ausgesinn zanterhier ëmmer nees verännert. Generatioune vu Baumeeschter mat verschiddenen Baustiler ware bedeelegt, fir dës Buerg zu deem ze maachen, wat se haut ass.

Tivoli Gardens zu Dänemark

Zanter 1843 ginn d'Leit an dësem Park schonn ënnerhalen. Mëttlerweil fënnt een do nieft Achterbunnen, Knuppautoen, Concertshalen an anere flotten Attraktiounen awer och immens flott Gäert. All Freideg am Summer sinn och ëmmer ganz impressionnant Open-Air-Concerten.

Tate-Musée a Big Ben zu London

The place to be, wann een an England ass, ass op alle Fall den Tate Modern Musée zu London, deen all Joer bal 5,8 Milliounen Visiteuren zielt. De Musée huet 1897 seng Dieren opgemaach a vereent souwuel modern wéi och zäitgenëssesch Konscht, ëmmerhin sinn 8 Millioune Konschtstécker do ausgestallt.

Nach ee Worzeeche vu London ass allerdéngs de Big Ben, direkt nieft dem Palace of Westminster. Zanter 2017 lauden déi 5 berühmte Klacken awer net méi wéinst Renovatiounsaarbechten. Wie kee vun de sëllechen Hotspots an der britescher Haaptstad wëll verpassen, dee sollt eng Hop-on-Hop-off-Bustour maachen.

Akropolis zu Athen

Eng Visitt an der griichescher Haaptstad, respektiv op der Akropolis ass eng eenzegaarteg Kombinatioun aus Geschicht an Architektur. U sech bezeechent d'Akropolis e puer Festungen a Griichenland, ma déi meescht denken un Athen, dem Ursprong vun der europäescher Geschicht.  Besonneschen Highlight, deen een op kee Fall verpassen däerf, ass de Parthenon, de Palais fir d'Pallas Athena, der Schutzpatréinerin vun der Stad.

Eiffeltuerm zu Paräis

Et ass d'Worzeeche vu Frankräich an eng vun de beléiftste Plazen a ganz Europa. Den Tuerm gëllt als dat Symbol vun der Léift a kann 365 Deeg am Joer bestaunt ginn. Den Eiffeltuerm ass aus Frankräich net méi ewech ze denken, et ass bal net ze gleewen, dass d'Bevëlkerung de Stolkoloss an enger éischter Reaktioun wollt ofrappe loossen.

Péitersdoum am Vatikan

Et ass d'Kierch vun de Superlativen a gëllt als den Zentrum vum Chrëschtentum. All Joer zitt dës Kierch Millioune vu Gleeweger aus der ganzer Welt un. Ma och wann ee mat Relioun näischt um Hutt huet, ass de Péitersdoum e Besuch wäert. Eleng Roum huet immens vill ze bidden fir Touristen aus aller Welt, do sollt de Péitersdoum och ganz uewen op der To-Do-Lëscht stoen, eleng nëmme wéinst der eenzegaarteger Kuppel vun 42 Meter Duerchmiesser, déi vum Michelangelo entworf gouf.