Knapp gouf annoncéiert, datt de Jong vum Prënz Harry an der Herzogin Meghan gedeeft gëtt, gëtt et scho Kritik wéinst der Organisatioun.

Den Archie Harrison Mountbatten-Windsor gëtt de 6. Juli op Schlass Windsor gedeeft, am enkste Familljekrees. A wann ee sech elo scho gefreet hat e puer nei Biller vum Kand ze gesinn, dee muss sech gedëllegen, d'Fotografe kréien nämlech keng Méiglechkeet, Biller vun der Kanddaf ze maachen. Genee dat suergt elo scho fir hefteg Kritik.

Den Harry a seng Fra wëlle selwer déi éischt Foto vun der Kanddaf op hirem Instagram-Account verëffentlechen. Vill Royal-Experten halen dat fir eng schlecht Iddi. D'Leit halen et zemools bei de britesche Royals gär traditionell an erhoffe sech flott Familljenopname mam Puppelchen am kinneklechen Dafkleed. Wat d'Leit net wëlle si kënschtleresch Fotoe vum Archie senge Féiss oder engem hallef verstoppten Archie. Esou Fotoen hat d'Koppel op Mammedag, respektiv op Pappendag gepost.