
Dat ass nawell séier gaangen! Nëmmen ee Joer, nodeems d’Beatrice vu York hire Frënd, den Entrepreneur Edoardo Mapelli Mozzi, kenne geléiert huet, sollen elo d’Hochzäitsklacke lauden. Dat gouf en Donneschdeg offiziell annoncéiert.
“Mir sinn iwwerglécklech mat Iech d’Noriicht iwwer eis Verlobung ze deelen. Mir sinn immens opgereegt, dës Aventure gemeinsam ze bestreiden a kënnen et bal net méi erwaarden, tatsächlech bestuet ze sinn. Mir deelen déi selwecht Interessien a Wäerter a mir wëssen, dass dat eis an den kommende Joren hëllefe wäert.”
D’Eugenie huet d’Nouvelle op hirer Instagram-Säit ëffentlech gemaach, inklusive de Verlobungsfotoen. Hatt géing sech immens fir hir grouss Schwëster an den Edo freeën. Si wiere firenee bestëmmt.
Den Edoardo Mapelli Mozzo hat leschte Mount an Italien eng Demande en Mariage gemaach. D’Hochzäit soll schonn d’nächst Joer sinn, wéini genee gouf nach net verroden.
Genee wéi bei der Prinzessin Eugenie muss d’Beatrice keng Erlaabnis vun der Queen kréien. Nëmmen déi éischt 6 Royals vun der britescher Trounfolleg mussen dat maachen. D’Prinzessin Beatrice ass op Plaz 9.
Wien ass den Edoardo Mapelli Mozzi?
Den Auserwielten ass net un de Räichtum vun der britescher Kinneksfamill ugewisen. Den Italiener huet 2007 seng eege Firma an der Immobiliëbranche gegrënnt, déi op Luxusobjete spezialiséiert ass. De Mozzi ka sech net bekloen, hien ass Multimillionär.
Säi verstuerwene Stéifpapp Christopher Shale war e Frënd vum Prënz Andrew a Sarah Fergusson. Sou koum hien och an den Entourage vun der Prinzessin.
Aus enger fréierer Bezéiung mam Dara Huang huet den Edoardo e klenge Jong, de Christopher, och “Woolfie” genannt.