"Edge" heescht déi nei Attraktioun zu New York am neien Hudson-Yards-Komplex.

Wéi et heescht, soll "Edge" déi héchsten Outdoor-Aussiichtsplattform vun der westlecher Hemisphär sinn. Déi eenzegaarteg Plattform läit méi wéi 100 Etagen iwwert dem Buedem. Wéi de Gerant betount, soll een 120 Kilometer wäit gesinn, mä och 300 Meter déif.

Am Mäerz 2020 mécht "Edge" seng Diere fir de Public op.