E Chrëschtmaart an enger Alstad ze besichen, kéint fir deen een oder anere mat der Zäit langweileg ginn.

Wéi gutt, dass et weltwäit eng Partie Chrëschtmäert ginn, déi mat verschiddenen Traditioune briechen.

An Holland gëtt et nämlech den eelsten ënnerierdesche Chrëschtmaart a ganz Europa. An enger Grott kënnen d'Visiteure Leckereien iessen a gemittlech déi eng oder aner Taass Glühwäin drénken.

Wiem et zu Lëtzebuerg ze kal ass, ka sech dat beléifte Chrëschtdagsgedrénks ënnert de Palme schmaache loossen. Bei agreabele 15 Grad kënnen am Ganzen iwwer 40 Stänn besicht ginn.

E spektakuläre "Christkindlmarkt" gëtt et och an Éisträich. Zu Kärnten verwandelt sech d'Bar Kap 4613 an e Chrëschtmaart, deen iwwert dem Waasser schwëmmt.

Aussergewéinlech ass och de Chrëschtmaart an der Gare zu Zürech. 150 Stänn verkierzen de Passagéier d'Waardezäit op den Zuch. Donieft ass dësen ee vun de gréissten Indoor-Chrëschtmäert a ganz Europa.

Méi romantesch geet net! Am weltbekannte Santa Claus Village um Polarkrees ass 365 Deeg am Joer Chrëschtdagsstëmmung ugesot.