Wéinst senger Verwécklung an den Epstein-Skandal trëtt de Prënz Andrew virleefeg vu sengen ëffentlechen Ämter zeréck.

Dat huet den zweeteelste Jong vun der Queen Elizabeth II e Mëttwoch matgedeelt. Hie gouf rezent mat Mëssbrauchsvirwërf konfrontéiert. Donieft gouf et en ëmstriddenen Interview op der brittescher Tëleeschaîne BBC. De Prënz Andrew sot bei sengem Récktrëtt, seng Relatioun mam verurteelte Jeffrey Epstein hätt déi kinneklech Famill richteg belaascht.

Récktrëtt vum Prënz Andrew / Rep. Pierre Jans

© Facebook / The Royal Family

Den Drock op de Prënz Andrew war déi lescht Deeg geklommen. Dat no engem ëmstriddenen Interview an der Emissioun Newsnight op der brittescher Tëleeschaîne BBC. Do hat de Prënz Andrew versicht, d'Spekulatioune ronderëm seng Verwécklung an den Epstein-Skandal ze eliminéieren, dat awer ouni Erfolleg. De Prënz Andrew hätt sech mat deels diffusen Aussoe kee Gefale gemaach, wéi et an der brittescher Press ze liesen ass. Iwwerdeems hat een Affer vum Epstein, d'Viriginia Roberts, de Prënz an hiren Aussoe staark belaascht. Och hien hätt nämlech selwer Sex mat Mannerjärege gehat, d'Affer huet d'Nuecht iwwert déi Rieds ass, an hiren Aussoe mat villen Detailer beschriwwen. Den amerikaneschen Investisseur Jeffrey Epstein steet am Zentrum vun engem Mëssbrauchsskandal a soll mannerjäreg Meedercher systematesch mëssbraucht hunn. Tëscht 2002 an 2005 soll hien zu New York an a Florida e ganze Reseau fir Sex mat Mannerjäregen opgebaut hunn. 2008 war hie fir d'''Éischt wéinst Mëssbrauch verurteelt ginn. 2019 gouf hien nees ugeklot, mä nach éier d'Prozesser konnten ugoen, gouf den Epstein dout a senger Zell an engem New Yorker Prisong fonnt.

Iwwert all déi Jore war de brittesche Prënz Andrew mam Jeffrey Epstein a Kontakt. De Prënz Andrew ass dat 3. vu véier Kanner vun der Queen Elizabeth II. Wéi vill ranghéich Membere vum Kinnekshaus aus och hie Parrain vun Organisatioune fir de gudden Zweck. E puer där Organisatiounen hate schonn annoncéiert, hir Kooperatioun mam Prënz Andrew wéinst sengem Verhalen z'iwwerpréiwen.