Zu Portland, matzen an Downtown a liicht ze iwwersinn, fënnt een de Mill Ends Park.

Eng kleng idyllesch Plaz op der Kräizung vun der SW Taylor Street an dem SW Naito Parkway, wou Onéierlecher kuerz no Chrëschtdag den eenzege Bam am klengste Park vun der Welt matgoe gelooss hunn. Fir dass de Mill Ends Park net komplett plakeg tëscht all den Autoen op der Strooss wierkt, gouf e puer Stonne méi spéit schonn en neie Bam dohi gesat. E Geste, dee bei den Awunner fir vill Freed gesuergt huet.